fr lu

Wielt är Kategorie

Brillianten Design an eenzegarteg Handwierkskonscht

Über Nancy Fis

Zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess, huet mech mäi schoulesche Wee 2013 iwwer d’Grenz op Idar-Oberstein bruecht, d’Héichbuerg vum Edelsteen a vum Bijou. No menger erfollegräicher Geselleprüfung am Joer 2017, an engem Kapp voller Iddien, hun ech mech 2019 getraut de grousse Schrëtt an d’Selbstännegkeet ze maachen.

Ech si gäre fir Iech do, wann et drëm geet äre Bijou ze flécken, en ëmzebauen oder ganz individuell mat Iech zesumme kreativ ze gin.

Ech freeë mech op jiddefall Iech mat äre Wensch kennen ze léiren.

« Learn the rules like a pro, so you can break them like an artist. » — Pablo Picasso

Mat enger kompetenter Berodung an Ëmsetzung ass mäi Rank, deen ech mir schonn ëmmer gewënscht hunn, endlech beim Nancy an Erfëllung gaang, eng super Aarbecht an immens interessant dee ganzen Oflaf matzëerliewen, einfach ee super Goldschmadd.
Fabienne Hardt

— Fabienne Hardt